Aschreiwungen an Trainingszäiten 2018-2019

Aschreiwungen Saison 2018-2019


Aschreiwungen Ufanksdatum: ab Méindës, den 17 September 2018    (keng Viraschreiwungen méiglëch virun dësem Datum)

D’Aschreiwungen laafen am Ufank vun all Cours vun der respektiver Grupp vun Ärem Kand.

Well mir nëmmen eng bestëmmten Unzuel u Plaazen hun, kënnen mir kéng Disponibilitéiten a verschidden Gruppen garantéieren. D’Kanner déi 2017-2018 ageschriwwen waren, hun Virrang.

Mir funktionéieren nom Prinzip déi éischt sin vir ewéi d’lescht Joer. All Kand dierf natierlëch 2 mol gratis d’Traininger probéieren. D’Aschreiwung gëllt ab der Remise vum Aschreiwungsformular an der Iwwerweisung vun der Cotisatioun.

Leider sin Aschreiwungen iwwert de Site oder iwwert Email nët méiglëch.

Méi Informatiounen ënnert Coursen

Merci an bis geschwënn


 

Trainingszäiten als .pdf downloaden Horaires_2018-19