50 Joer Feier vum CEP Stroossen

Den 30 November 2019 an der Hall Omnisports vu Stroossen huet den CEP Stroossen d’Feierlechkeeten vum 50ten Gebuertsdaag weidergefouert.

Dëst Evenement wor nëmmen méiglech ënnert enger flotter an gutter Zesummenarbëcht vun all den  Akteuren: d’Gemeng Stroossen, d’FLGym, den Organisatiounscomité, d’benevol Memberen, d’Ancienen vum CEP, Turner an Coachen, Elteren,… an natierlëch d’Präsidentin Juliane Gallion, mat dobäi zënter dem Ufank vum Club. E grousse Merci un all!!!

Um Programm waren:

  • éng Team-Gym Démonstratioun, fir d’éischt zu Stroosen, mat der dänescher Equip AARHU MEN
  • Konschturnen Démonstratiounen vun eisen Turner an Turnerinnen

Zum Oofschloss huet d’Gemeng en Éierewäin offréiert .

Photoen fann Dir hei.