Aschreiwungen an Trainingszäiten 2019-2020

Loisir Turnen – Aschreiwungen an Trainingszäiten 2019-2020


Aschreiwungen fir Memberen déi d’Saison 2018-2019 ugemellt waren

  • Aschreiwungen Ufanksdatum: ab Méindës, den 16 September 2019
  • D’Aschreiwungen laafen am Ufank vun all Cours vun der respektiver Grupp vun Ärem Kand.
  • D’Memberen déi 2018-2019 ageschriwwen waren, hun Virrang an behalen éng reservéiert Plaaz bis Ufank Oktober

 

Aschreiwungen fir NEI MEMBEREN

  • Aschreiwungen Ufanksdatum: ab Méindës, den 16 September 2019 (keng Viraschreiwungen méiglëch virun dësem Datum)
  • Well mir nëmmen eng bestëmmten Unzuel u Plaazen hun, kënnen mir kéng Disponibilitéiten a verschidden Gruppen garantéieren. Je no Grupp kommen déi nei Memberen op éng Waardelëscht.
  • Mir funktionéieren nom Prinzip déi éischt sin vir ewéi d’lescht Joer.
  • Nei  Membere vun der Gemeng Stroossen hun Virrang.
  • D’Aschreiwung gëllt ab der Remise vum Aschreiwungsformular an der Iwwerweisung vun der Cotisatioun. D’Aschreiwungsformularen kritt dir nëmmen an eisem Burö tëscht den Traininger ab dem 16 September 2019.
  • All Kand dierf natierlëch 2 mol gratis d’Traininger probéieren.

Leider sin Aschreiwungen iwwert de Site oder iwwert Email nët méiglëch.

Méi Informatiounen ënnert Coursen

 

 


Trainingszäiten 2019-2020


Fir weider Froen:  Kontakt

 

 


Gymnastique générale et artistique –  Saison 2019-2020


 

Op Basis vun enger Gesamtbewertung gin Turner/innen aus den Loisir-Gruppen vun eisen Trainer selektionéiert an an eis Meederchers- oder Jongenkompetitiounsequippen agelueden. Déi selektionéiert Turner/innen engagéieren sëch un all Training an Kompetititoun déelzehuelen. D’Stonnepläng gin vun den  respektiven Equipetrainer matgedéelt.


Merci an bis geschwënn